Raoul Schaaf

Wie kennt se net: Nei Aarbecht, Vollekskichen, Abrigado …? Déi mannst wëssen awer, datt hannert dëse Strukturen zënter 50 Joer d’Associatioun CNDS steet, bei där Solidaritéit an Engagement fir Mënschen an Nout ganz grouss geschriwwe gëtt. De Raoul Schaaf weess, datt hie sech als neien Direkter net wäert langweilen, well et ëmmer méi Mënsche ginn, déi duerch hir Biographie marginaliséiert an op Hëllef ugewise sinn. Am Gespréich mam Valerija Berdi verréit de Raoul Schaaf, wat sech hannert CNDS verstoppt.

 

Source: https://www.100komma7.lu/program/episode/166452/201709271315-201709271321